top of page
IMG_4739.JPG

Eist Ee

​100% Lëtzebuerger Bio-Eeër regional & Nohalteg

Wëllkomm bei Eist Ee, Ärem Fournisseur fir lëtzebuergesch Bio-Eeër direkt vum Bauerenhaff. Bei Eist Ee schléit d'Häerz fir Nohaltegkeet, Qualitéit a Léift zum Déier. Als houfreg Vertrieder vun der lëtzebuergescher Landwirtschaft setze mir eis leidenschaftlech dofir an, Iech an Ärer Famill e frëscht Bio-Eeë unzebidden.

​Modernt Stallkonzept fuerdert Nohaltegkeet zu Sprenkeng an am Kiischpelt

Zu Sprénkeng am Süde vum Land bei der Famill Emering, ass e moderne Stall am Asaz, wou net nëmmen d'Déierewuel op éischter Plaz steet, mee och der Nohaltegkeet Rechnung gedroe gëtt.

Eenzegaarteg sinn ënner anerem eng PV-Anlag vu ronn 4MW, déi den Déieren am Auslaf Schutz bitt, esou wéi och e Wärmetauscher, dee fir d'Wärmerück-gewinnung suergt a soumat en optimaalt Klima zu Verfügung stellt.

Am Kiischpelt am Norde vum Land bei der Famill Nicolas, ginn et zwee Mobilställ. D'Hinger hunn ëmmer frësch Weed, well de Stall no Bedarf beweegt ka ginn, an dat funktionéiert duerch d'PV-Anlag um Daach souguer autark.

IMG_4746.JPG
bottom of page