D'Philsophie vum
Bio-Haff an Dudel
Aus engem klassesche Mëllechvéihbetrib huet d'Famill Emering 2007 op Bio-Mascht vu Poulet'en ëmgestallt.
Am Hierscht 2013 koum mat der Produktioun vu Bio-Nuddelen en neit Standbeen derbäi.
Ganz rezent zënter 2023 ass en neie Site zustane komm mam Schwéierpunkt Légehénger.
Aus dem deemolege Mëllechbetrib ass esou e moderne Bio-Gefligelbetrib ginn.

Optimal Liewensqualitéit fir d'Hénger
D'Eeër vum Bio-Haff an Dudel ginn um Site zu Sprénkeng produzéiert a verpak. D’Installatioun vu enger moderner Anlag erlabt et eis 6000 Hénger no den neiste Standard'en aartgerecht ze halen an dësen eng optimal Liewensqualitéit ze bidden. D'Nohaltegkeet ass e wichtege Pilier an eiser Philosophie an dofir gëtt de Betrib säit Joerzéngten no de Bio-Richtlinne gefouert.
Am Beräich Erneierbar Energië gouf eng Photovoltaikanlag vu ronn 4 MW zesumme mat engem Partner installéiert, dëst souwuel an den Auslaffläche vun den Hénger ewéi och op den Daachfläche vun de Gebaier. Dës Kombinatioun aus Energieproduktioun an Déierewuel op ronn 3 Hektar ass e Pilotprojet an Europa.
Eise Stall bitt en optimalt Klima fir d’Hénger, bedéngt duerch e Wäermetauscher. Dobäi gëtt déi waarm, verbraucht Loft, déi d’Hénger produzéieren, aus dem Stall erausgezunn. Gläichzäiteg gëtt frësch Loft vu baussen eragezunn an am Wäermetauscher laanscht déi waarm Loft geleet, ouni dass des sech vermëschen. Mat dësem System gëtt d’Wäermt vun der verbrauchter Loft un déi frësch Loft iwwerdroen, sou dass d’Frëschloft virgeheizt an d’Energie effikass zeréckgewonne kann ginn.

Moderne klimafrëndlechen Héngerstall

