top of page
FDB_P2-7.jpg

Iwwer eis

Ee regionalen, biologesche Produit

Eist Ee vermaart exklusiv Lëtzebuerger Bio-Eeër. Mir bestinn aus enger Partnerschaft aus 2 Betriber. Dëst ass zum engen d'Famill Nicolas vun Encherange an zum aneren d'Famill Emering vu Sprénkeng. D'Eeër ginn alleguer zu Sprénkeng an enger offizieller régistréierter Packstell kalibréiert an agepak. Eis ass et wichteg dem Konsument en Ee unzebidden dat aus Lëtzebuerg kënnt, woubäi d'Déierewuel vun den Hénger an d'Nohaltegkeet vun der Produktioun am Mëttelpunkt stinn.

Eis Produzenten

Lynn Emering mit Huhn im Arm
"Ech hunn 24 Joer, a bedreiwen zesumme mat menger Famill e Bio-Bauerebetrib. D‘Schwéierpunkte vun dësem Betrib sinn d‘Poulet‘en, d‘Nudelsproduktioun a vum Mäerz 2023 un och d‘Legehénger. Wann dir méi wëllt iwwert d‘Hénger zu Sprénkeng gewuer ginn da scheit net fir eemol laanscht kucken ze goen"

Lynn Emering

bottom of page